arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No iwwer 25 Joer - Ali Ruckert hält als KPL-President op

Politik

|
headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow

No iwwer 25 Joer - Ali Ruckert hält als KPL-President op

Den Ali Ruckert wëllt beim nächste Kongress vun der Kommunistescher Partei (KPL), an der zweeter Hallschent vun dësem Joer, als President zerécktrieden. Dat huet den Nach-KPL-President haut op eiser Antenn annoncéiert.

headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow
Ali Ruckert (KPL) | © Radio 100,7
Ali Ruckert (KPL) (Foto: Radio 100,7)

Eng politesch Pensioun wier dat awer net, den Ali Ruckert wéilt weider an der KPL aktiv bleiwen. Hien hofft, datt mat anere Leit un der Spëtzt een neie Bléck op d’Partei gehait ka ginn.

“Ech wäert natierlech an der Kommunistescher Partei aktiv bleiwen, mee et wäerten aner Leit awer an déi éischt Rei trieden.”

Wien säin Nofollger gëtt, wier nach net gewosst.

Zënter 20 Joer net méi an der Chamber

Et ginn net vill politesch Parteien am Land, déi et scho méi wéi 100 Joer gëtt. Déi meescht Parteien, déi an der Chamber sëtzen, sinn nach net esou al. Et gëtt awer eng Lëtzebuerger Partei, déi muer um Samschdeg hir 105 Joer féiert, obwuel se scho méi laang net méi an der Chamber vertrueden ass – an dat sinn d’Kommunisten.

Mee am ëffentlechen Debat sinn d’Kommuniste schonn zënter Joren éischter eng Randerscheinung.

Zënter iwwer 20 Joer ass d’KPL net méi an der Chamber vertrueden an och op Gemengenniveau gëtt et just nach ee gewielte politesche Vertrieder am ganze Land, an zwar zu Rëmeleng.

Lénk Parteie wäerte gestäerkt ginn

Duerch déi Rei sozial Konflikter a leschter Zäit hätt een als KPL en Impakt gespiert, seet den Ali Ruckert.

“Well mir ganz vill Sympathie bei Gewerkschaftler kritt hunn, déi mir virdru vläicht net esou haten, datt si eis net esou kannt hunn, an dat hu mir scho gemierkt an der Partei selwer, wou mir méi Kontakter kritt hu mat Leit an de Betriber, mir interesséieren eis besonnesch net nëmme fir dat, wat am Land passéiert, mee och wat an de Betriber passéiert.”

Den Nach-President ass iwwerdeems der Meenung, datt déi aktuell Situatioun dozou féiere wäert, datt d’Kommuniste wäerte gestäerkt ginn.

“Mir hunn eng riets Regierung, wou mir elo erlieft hunn, datt se eng ganz Rëtsch aarbechtsrechtlech a sozial Verschlechterunge maache wollt.”

D’KPL kritt keng Parteihëllefen a gëtt eleng vun de Bäiträg vun hire Membere finanzéiert.

play_arrow Lauschteren