search

/ No iwwer 15 Joer nees zréck – Luxembourg Pride an der Stad wier kee Choix géint Esch

Luxembourg Pride Week

|
reading time

2 min

No iwwer 15 Joer nees zréck – Luxembourg Pride an der Stad wier kee Choix géint Esch

D’Luxembourg Pride an der Stad ze organiséiere wier kee Choix géint Esch gewiescht. Dat huet de President vun der Pride, Laurent Boquet, de Moien am 100,7 Interview betount.

reading time

2 min

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

D‘Luxembourg Pride kënnt um Freideg eng éischte Kéier no iwwer 15 Joer zeréck an d‘Haaptstad. Zënter 2010 war se zu Esch.

Elo soll d’Pride all Joer ofwiesselnd an der Stad an zu Esch organiséiert ginn.

D’Stad Lëtzebuerg hätt sech vill beméit fir d’Pride nees op hirem Territoire ze organiséieren, esou de Laurent Boquet, ma et hätt een d’Stad Esch awer och net wëlle fale loossen.

Et wier een immens dankbar, well Esch der Pride erlaabt hätt ze wuessen. A béide Stied wéilt d’LGBTQIA+ Communautéit elo méi Gehéier fannen, fir datt hir Rechter gestäerkt ginn, huet de President vun der Pride erkläert. Do wier an de leschte Joren um gesetzlechen Niveau net vill geschitt:

“Ech mengen, datt et heiansdo einfach um politeschem Courage feelt, eppes ze änneren, dass d'Versteesdemech fir eis Revendicatiounen net ëmmer 100prozenteg do ass, an do schaffe mer awer ganz gutt mat de Ministèren zesummen, fir se ze informéieren.”

Et hätt een Aarbechtsgruppe mat der Regierung, fir un deene verschiddenen Dossieren ze schaffen, esou de Laurent Boquet:

“Et deet sech eppes mee ganz, ganz schleefend an dofir ass et wichteg, datt mer déi Revendicatiounen nach eng Kéier op enger Bün soen, wou vläicht eng Ministesch sech muss engagéieren, déi anzehalen, virun esou vill Zeien.”

Eng Prioritéit wier den Ament zum Beispill déi gesetzlech Unerkennung a Gläichberechtegung vu non-binäre Mënschen.

Um Freideg den Owend ass den Optakt vum Stroossefest an der Stad. Um Samschdeg de Mëtteg ass dann den „equality march“ vun der Gare bis an d‘Uewerstad.