Radioen

On air

Concert  |  Rising Star Matilda Lloyd

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No dramateschem Start hunn d‘Haaptbourssen an Europa sech bëssen erkritt

Reaktioun op Annonce vun Donald Trump

No dramateschem Start hunn d‘Haaptbourssen an Europa sech bëssen erkritt

Fir déi vu Frankfurt, Paräis a London louchen  d’Verloschter am fréien Owend nëmmen nach bei ëm 3 bis 3,5 Prozent. Dobäi hat den Dag zu Frankfurt mat engem Minus vu ronn 10 Prozent fir den DAX-Index ugefaangen. Dat war de gréisste Verloscht zanter der Corona-Pandemie.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Arne Dedert play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Arne Dedert)

D’Bourssen hu mat deene Perten op d’Annonce, duerch den US-President Donald Trump, vun Douanestaxe géintiwwer dem Gros vun de Länner op der Welt reagéiert.

Donald Trump: D'Bourse zu New York soll "net schwaach an net domm sinn"

Den US-President selwer huet am Nomëtten zu Washington gemengt, kuerz virun der Ouverture vun der Wall Street, datt d’Bourse zu New York “net schwaach an net domm sollt sinn”.

An awer ass den Dow Jones-Index do mat engem Minus vu bal 3 Prozent an den Handelsdag gaangen, fir duerno kuerz an de positive Beräich ze dréien, éier et nees an deen negative goung.

Chef vun JPMorgan Chase rechent, datt de Wuesstem gebremst gëtt

An der Mëttesstonn ass de Chef vun der Bank JPMorgan Chase zu New York dovun ausgaangen, datt d’Douanestaxe warscheinlech d’Inflatioun erhéije wäerten. Dem Jamie Dimon no wier et zwar net sécher, ob déi Taxen zu enger Rezessioun féieren, mee si wäerten de Wuesstem bremsen, sou de Banquier.

Kanada wëll d‘Welthandelsorganisatioun saiséieren

Mat Kanada huet iwwerdeems schonn en éischt Land ugekënnegt, d’Welthandelsorganisatioun zu Genève an der Schwäiz wéinst den Taxen op Autoen ze saiséieren. De japanesche Premier Shigeru Ishiba wëll sengersäits mam Donald Trump iwwer déi Taxe verhandelen. En Donald Trump, dee fir säin Deel China de „gréisste Profiteur vun allen” genannt huet.

De LuxX-Index hat kuerz viru Mëtteg e Minus vun net grad 4,1 Prozent par rapport zur Clôture vun e Freideg opweises. Am fréien Owend waren et dunn nach 1,65 Prozent

Lauschterenplay_arrow