arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No déidlecher Attack op ee Schaffner a Rheinland-Pfalz: Presuméierten Täter vu Lëtzebuerg

Däitschland

|
headphones

1 min

No déidlecher Attack op ee Schaffner a Rheinland-Pfalz: Presuméierten Täter vu Lëtzebuerg

No der déidlecher Attack op ee Schaffner an engem Zuch a Rheinland-Pfalz um Meindeg huet de Parquet vu Saarbrécken weider Detailler ginn, nodeems Video-Opnamen aus dem Zuch ausgewäert gi sinn. De presuméierten Täter soll zu Lëtzebuerg wunnen.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Patrick von Frankenberg
(Foto: picture alliance/dpa | Patrick von Frankenberg)

Et géife keng Virstrofe géint de presuméierten Täter virleien an e wier der Police och net bekannt. Et soll sech ëm ee 26 Joer ale Mann mat griichescher Nationalitéit handelen.

Zwee Deeg no der Attack ass de 36 Joer ale Kontroller u senge schwéiere Blessure – enger Gehierbluddung - gestuerwen.

De Verdächtegen hat d‘Affer mat der Fauscht - ënner anerem op de Kapp - geschloen, nodeems de Kontroller hien opgefuerdert hat, den Zuch ze verloossen, well hie keen Ticket hat.