D'BIL géif sech och d'Recht virbehalen, sech méiglecherweis als Niewekläger ze constituéieren.
Hannergrond ass eng Bedruchsaffär, bei där am Summer eng ganz Partie Leit Sue geklaut kruten duerch eng gefälscht BIL Online-Banking-Website.
Mee och d'BIL selwer wier Affer beim Bedruch ginn, esou d'Bank an hirem Schreiwes. D'BIL hätt dann och entscheet fir bei den auslännesche Banken, wouhinner d'Sue frauduléis iwwerwise goufen, ze reklaméieren, grad wéi bei der Sichmaschinn, déi d'Affer op déi gefälscht Online-Banking-Website bruecht huet.
Bedruchsaffer plangen eng Sammelklo
Gëschter koumen iwwerdeems d'Affer, déi sech an engem Grupp zesummegedoen hunn, zesummen, fir iwwer hiert weidert Virgoen an der Affär ze beroden. Wa méiglech wéilt een eng Sammelklo géint d'BIL areechen, huet et Ufank dës Mounts op eis Nofro hi geheescht.
Mir hu mat der Juliana Mondot geschwat, déi selwer Affer ginn ass.