arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No zwee schwéieren Zuchaccidenter: Eisebunner a Spuenie streiken

Spuenien

|
headphones

1 min

No zwee schwéieren Zuchaccidenter: Eisebunner a Spuenie streiken

Knapps ee Mount no de schwéieren Zuchaccidenter a Spuenie streiken d'Eisebunner fir 3 Deeg. D‘Gewerkschafte fuerderen, datt méi an d'Sécherheet vum Schinnennetz investéiert gëtt, an, datt kloer Reegele komme fir Krisesituatiounen, beispillsweis bei schroe Wiederen oder Schied un de Schinnen.

headphones

1 min

Eisebunner a Spuenie streiken | © EPA/Ana Escobar
Eisebunner a Spuenie streiken (Foto: EPA/Ana Escobar)

Duerch de Streik falen Honnerten Zich aus. Och vill international Verbindungen si betraff. Dat spuenescht Gesetz schreift awer vir, datt och während engem Streik 73 Prozent vum landeswaiten Fernverkéier muss garantéiert sinn. 

Schwéiert Zuchaccident an Andalusien 

Den 18. Januar waren zwee Héichgeschwindegkeetszisch an Andalusien am Süde vu Spuenien, kollidéiert. D'Zuchongléck huet 46 Mënschen d'Liewe kascht. 120 goufen deels schwéier verletzt.

Déi genau Ëmstänn vum Accident sinn nach net gekläert. Eng futtis Schinn kéint den Ausléiser gewiescht sinn. Warscheinlech war den hënneschten Deel vum Iryo-Zuch doduerch entgleist.

De Renfe-Zuch, deen entgéint komm ass, huet dës frontal ze pake kritt, esou datt déi éischt puer Waggone vun de Schinne geschleidert goufen an ee véier Meter déiwen Hang rofgefall sinn.

Zwee Deeg drop e weidert Zuchaccident

Just zwee Deeg drop ass een Zuch a Katalounien an d'Reschter vun enger Dromauer, déi laanscht de Schinne agebrach war, gerannt. De Lokführer huet heibäi säi Liewe gelooss. Eng Dose Passagéier goufe blesséiert.