Och d'Bourssen a Südkorea an Taiwan sinn no de staarke Réckgäng vu gëschter de Moien nees am Plus.
An den USA an an Europa hunn d'Bourssen déi staark Dagesverloschter um Ofschloss gëschter nees zum Deel kënne guttmaachen. Den Nasdaq Technologie Index zu New York, dee 6 Prozent gefall war, huet mat engem Minus vun nach 3,4 Prozent ofgeschloss. D'Bourssen zu Frankfurt, Paräis a London hu mat Verloschter vun 1,5 bis 2 Prozent zougemaach.
Een Haaptgrond fir dës Entwécklungen ass d'Angscht virun enger Rezessioun an den USA.