Radioen

On air

9 bis 1  |  The Cure - Lovesong

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No der Trauerzeremonie zu Southport koum et zu Ausschreidunge vu Rietsextremen 

Groussbritannien

No der Trauerzeremonie zu Southport koum et zu Ausschreidunge vu Rietsextremen 

Déi brittesch Küstestad Southport kënnt net zur Rou: Just Stonnen no enger Trauerzeremonie wéinst der déidlecher Messerattack op Kanner koum et zu Ausschreidunge vu Rietsextremen. Si si bei enger Moschee mat Zillen, Poubellen a Stroosseschëlder op d'Police lassgaangen. 39 Polizist:inne goufe blesséiert.

auto_stories

1 min

Southport | © Richard Gaisford/X
Screenshot: Richard Gaisford/X

D‘Ausschreidunge wieren no Gerüchter a Falschmeldungen iwwert d‘Identitéit vum presuméierten Täter entstanen, esou d‘Police. Deemno wier de 17-Järegen ee muslimeschen Asyldemandeur, dee scho vum brittesche Geheimdéngscht observéiert gi wier.

D‘Police huet dës Gerüchter zeréckgewisen. De presuméierten Täter hätt ruandesch Elteren, wier a Groussbritannie gebuer a géif zënter iwwer 10 Joer zu Southport liewen.

De 17-Järege soll virgëschter 3 Meedercher bei engem Danzatelier erstach an 8 weider Kanner grad ewéi 2 Erwuessener schwéier blesséiert hunn. D‘Motiv ass nach onkloer.