Gëschter hat de Chef vum Flughafen erkläert, datt um Samschdegmoien d’Situatioun nees normal wäert sinn. Nawell ass d’Fluggesellschaft British Airways dovun ausgaangen, datt haut nach eng 15 Prozent vun de Flich ausfale géifen.
Op Grond vun enger Stroumpann, déi op e Feier zeréckzeféiere war, war Heathrow gëschter um Freideg bal de ganzen Dag zou bliwwen.