arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Staarkreen si ganz Uertschaften op Korfu vun der Baussewelt ofgeschnidden

Griichenland

|
headphones

1 min

No Staarkreen si ganz Uertschaften op Korfu vun der Baussewelt ofgeschnidden

Am Nordweste vu Griichenland hu schro Wiedere mat Staarkreen op ville Plazen zu Schied gefouert. Eou si ronderëm d’Stad Ioannina bannent nëmmen e puer Stonnen 280 Liter Reen op de Meterkaree gefall.

headphones

1 min

© EPA/ELIAS MARCOU
(Foto: EPA/ELIAS MARCOU )

Betraff war donieft nach d’Insel Korfu: D’Uertschaft Karousades, an där eng 2.000 Leit liewen, wier vun der Baussewelt ofgeschnidden. De Policebüro do wier vu Bulli blockéiert.

Eng Rëtsch Landstroosse wieren och blockéiert oder awer futti. Dofir sollen iwwermuer um Méindeg d’Schoulen och zou bleiwen.