arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No-Ost-Expertin: Krich kéint eriwwer sinn, wann Israel seng Militärziler ereecht hätt

Krich géint den Iran

|
headphones

2 min

No-Ost-Expertin: Krich kéint eriwwer sinn, wann Israel seng Militärziler ereecht hätt

De Krich am Noen Osten wäert wuel méi laang daueren, wéi déi puer Deeg, vun deenen den israeelesche President Netanjahu nach am Ufank geschwat hat. Där Meenung ass d’Bente Scheller, Expertin fir Noen Osten bei der däitscher Heinrich-Böll-Stiftung, am 100,7-Interview.

headphones

2 min

D’Bente Scheller ass eng däitsch Politikwëssenschaftlerin a Responsabel vum Departement fir den Noen Osten an Nordafrika bei der Heinrich-Böll-Stiftung zu Berlin. | © picture alliance / teutopress
D’Bente Scheller ass eng däitsch Politikwëssenschaftlerin a Responsabel vum Departement fir den Noen Osten an Nordafrika bei der Heinrich-Böll-Stiftung zu Berlin. (Foto: picture alliance / teutopress)

Den US-President Donald Trump hat ugangs och vun e puer Deeg geschwat, ass an engem rezenten Interview awer zeréckgeruddert a geet elo vu véier Wochen aus. 

Ëmmer méi Parteien am Krich involvéiert 

Well ze vill Parteien an de Krich involvéiert wieren, wier et schwiereg fir eng Zäitugab maachen ze kënnen, wéini dëse Krich op en Enn kéim, esou d’Bente Scheller. Si geet dovun aus, datt de Krich héchstens kéint ophalen, wann Israel seng Militärziler erreecht hätt.

Mëttlerweil ass och eng Buedemoffensiv vun Israel am Libanon amgaang. Ëmmer méi Parteie sinn am Krich involvéiert. Den Iran an d’Hisbollah hätte wuel och en Intressi drun, de Krich um Liewen ze halen, och wa se däitlech geschwächt gi wieren, mengt Bente Scheller.

"Sie haben wirklich sehr viele Federn lassen müssen, weil sehr viel von ihrem Potenzial schon zerstört wurde. Aber trotzdem war die Hisbollah zuvor immer der mächtigste Akteur. Ich würde auch sagen, sie ist weiterhin die mächtigste Auslandsmiliz, die der Iran finanziert und unterstützt." 

An déi wieren natierlech an der direkter Noperschaft vun Israel, esou d'Bente Scheller. 

"Hier denke ich, sie kann vielleicht keine existenzielle Bedrohung für Israel darstellen, aber sehr wohl sehr schmerzhafte Schläge weiterhin zufügen. Auch fürchte ich, dass wir beim Iran die Möglichkeit genauso gegeben sehen, dass selbst wenn er sich nicht wirklich durchsetzen kann gegen andere Staaten, er sich lange verteidigen kann." 

Den iranesche Regimm wéilt sech en place halen, egal wéi vill e verléiere géif, esou nach d’Aschätzung vun der Bente Scheller, No-Ost-Expertin bei der Heinrich-Böll-Stiftung.