Nom Mercosur-Accord viséiert d’Europäesch Kommissioun ee weidere Fräihandelsaccord, dës Kéier mat Indien.
D’Verhandlunge fir den Opbau vun där bis elo gréisster Fräihandelszon fir béid Säite goufen ofgeschloss. Dat hunn d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun Ursula von der Leyen an den indesche Premierminister Narendra Modi en Dënschdegmoie matgedeelt.
Méi grouss ewéi Mercosur, manner breet Palett vu Produiten
Den Accord gesäit vir, datt Douanestaxen ofgebaut ginn, an op deem Wee den Handel mat Wueren a Servicer ugekuerbelt gëtt.
E betrëfft méi ewéi zwou Milliarde Leit. Dat ass domat ee vun deene gréissten, déi jeemools ofgeschloss goufen. Am Verglach: Beim Mercosur-Accord mat véier südamerikanesche Länner geet et ëm ee Marché fir ronn 700 Millioune Persounen.
Allerdéngs sinn am EU-Indien-Accord manner kriddeleg Produite mat dran. Deemno kéint de Protest géint deen Deal manner schaarf ausfalen.
D’Ursula von der Leyen beméit Superlativen a schwätzt zu New Delhi vun der “Mamm vun allen Handelsaccorden”.
Déi zweet- an déi véiertgréisst Wirtschaft op der Welt géife sech hei zesummen dinn, fir eng Partnerschaft, bei där jiddweree gewënnt.
Sensibel Agrarproduiten ausgeschloss
U wat ass d’EU interesséiert?
Zum Beispill drun, méi Autoen an Indien ze exportéieren, do sollen d’Douanestaxe vun 110 Prozent op 10 Prozent erofgoen.
Indien hofft sengersäits drop, déi héich us-amerikanesch Stooltaxen ze evitéieren, a kéint dem Accord mat der EU no bis zu enger gewësser Limit an Zukunft Stol "dutyfree" méi an d’EU z’exportéieren.
Agrarproduite sinn der eng ganz Partie vum Accord ausgeschloss. Dozou gehéiere sensibel Produkter ewéi Räis, Zocker, Mëllechpudder oder awer Rëndfleesch a Poulet. Dat dierft d’Bauere berouegen.
Bei verschaffte Produiten aus der EU ewéi Brout a Séissegkeete géifen dem Accord no d’Douanestaxen op Null erofgoen, beim Wäi géifen se graduell op bis zu 20 Prozent reduzéiert.
Strategeschen Accord
Der Europäescher Kommissioun no géife béid Säiten duerch den Accord bis zu véier Milliarden Euro Douanestaxe pro Joer spueren. An mat Bléck op d’USA:
"Mir reduzéieren Ofhängegkeeten zu enger Zäit, wou Handel ëmmer méi als Waff agesat gëtt."
Sou d’Ursula von der Leyen.
Sou wäit ass et awer nach net: Wéi ëmmer muss den Accord muss nach vun de Memberlänner a vum Europaparlament gutt geheescht ginn.