De Gesetzestext, deen zënter bal zwee Joer an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert gëtt ass ënnert anerem dowéinst vun déi gréng kritiséiert ginn.
Minister hält um Prinzip fest
Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring hat am 100,7-Interview erkläert, dee Prinzip vum Silence vaut accord wier ongerecht, well Projete kéinten ugeholl ginn, déi u sech net dierften ugeholl ginn. Dee Risiko hätt een awer probéiert ze miniméieren, erkläert de Serge Wilmes.
“Éischtens déi ganz Digitaliséierung vun der Prozedur. Zweetens hu mer eng Annex un de Gesetzesprojet gehaange wou kloer drasteet, fir all Artikele vum Gesetz, wou iergendwou mussen Autorisatiounen ugefrot ginn, wat fir eng Dokumenter muss sech domat eraginn. Déi si kloer identifizéiert, och digitaliséiert, fir dat mer an d'Situatioun kommen, datt méiglechst komplett Dossieren an Zukunft erakommen”
Ganz evitéieren, datt e Projet accordéiert gëtt deen net de Critèren entsprécht kéint een awer net, gëtt den Ëmweltminister zou.
Zil: All Dossiere bannent sechs Méint behandelen
Donieft hätt ee sech och personell verstäerkt, fir d’Dossiere méi séier ze traitéieren. Bei der Natur- a Bëschverwaltung hätt een den Delai an deem Dossieren traitéiert ginn am leschte Joer och schonn däitlech reduzéiert kritt. Mëttlerweil géifen 78 Prozent vun den Dossiere bannent sechs Méint traitéiert ginn, esou d’Directrice adjointe vun der ANF, Carmen Weisgerber.
“Do bleiwen ëmmer 22 Prozent vun den Dossieren, déi driwwer leien. An dat ass do, wou nach mussen immens Efforte gemaach ginn, well d'Zil effektiv: Et muss sinn, datt all Dossier bannent deene sechs Méint ofgeschaft ass, datt mer ni an deen Automatismus vum Silence-for -Accord falen.”
Fir déi Demanden déi am heefegste géife kommen hätt d’Naturverwaltung och mëttlerweil standardiséiert Prozesser, esou d’Carmen Weisgerber weider. Zil wier et déi Demanden a manner wéi 40 Deeg ze traitéieren. D’Reformpläng vum Ëmweltminister sinn zënter zwee Joer um Instanzewee a scho puer mol adaptéiert ginn. En Avis vum Staatsrot läit nach net vir.