De Lëtzebuerger Resident wier kuerz vun der israeelescher Arméi festgehale ginn, wéi hien am 100,7-Interview erkläert. Vun de 60 Schëffer, déi deen Ament ënnerwee waren, wieren der 20 gestoppt ginn.
D’Leit u Bord wiere wärend bal zwee Deeg festgehale ginn. Eng Partie vun hinne wieren och brutaliséiert ginn, esou de Gildo Molinari. Ee Geriicht an Israel huet de Samschdeg entscheet, datt zwee Aktivisten, een aus Spuenien an een aus Brasilien, zwee weider Deeg festgeholl bleiwen. Hinne gëtt eng Verbindung zur Terror-Organisatioun Hamas respektiv illegal Aktivitéite virgehäit.