Hien ass de Moien um Findel ukomm an huet am 100,7-Interview erkläert, datt d’Flotilla an den internationale Gewässer virun der griichescher Küst vun israeelesche Militärschëffer ëmkreest gouf.
Vun de 60 Schëffer, déi deen Ament ënnerwee waren, wieren der 20 gestoppt ginn an d’Leit u Bord wiere wärend bal zwee Deeg festgehale ginn.
Eng Partie vun hinne wieren och brutaliséiert ginn, esou de Gildo Molinari. Ee Geriicht an Israel huet de Moien iwwerdeems entscheet, datt zwee Aktivisten – een aus Spuenien an een aus Brasilien – zwee weider Deeg festgeholl bleiwen. Hinne gëtt eng Verbindung zur Terror-Organisatioun Hamas bezéiungsweis illegal Aktivitéite virgehäit.