En héije Responsabele vun der Hamas huet der franséischer Presseagence confirméiert, datt een déi indirekt Verhandlunge mat Israel ofgebrach hätt. Déi selwecht Persoun sot och, datt de militäresche Chef vun der Islamistenorganisatioun, Mohammed Deif, dee vun der Attack viséiert war, um Liewe wier.
Déi Informatioun ass bis ewell awer net onofhängeg iwwerpréift. Beim Ugrëff op déi humanitär Zon westlech vun der Stad Khan Junis si palästinenseschen Angaben no op d‘mannst 90 Mënsche gestuerwen, 300 Persoune wieren och blesséiert ginn.