arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Äerdbiewe viru russescher Küst: Tsunami-Warnung plazeweis opgehuewen

Pazifik

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

No Äerdbiewe viru russescher Küst: Tsunami-Warnung plazeweis opgehuewen

Nom staarken Äerdbiewen hënt vun 8,8 op der Richterskala virun der russescher Hallefinsel Kamtschatka gouf d‘Tsunami-Warnung do elo opgehuewen, esou d‘Autoritéiten. Och zu Hawaii an a Japan goufen d‘Warnungen entretemps zum Deel nees erofgeschrauft.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

A Franséisch-Polynesie sollen nach Welle vu 4 Meter Héicht ukommen. A Japan ass eng Fra no der Tsunami-Warnung mat hirem Auto 20 Meter vun enger Klipp erofgefall a gestuerwen. Am russesche Fernen Oste wieren eng Partie Persoune blesséiert ginn, esou lokal Medien. Et goufe bis ewell keng gréisser Schied gemellt.

Russesch Medie melle véier Tsunami-Wellen. D'Waasser wier deemno 200 Meter wäit bis an d'Land gedrongen. 

Mee net nëmmen a Russland, mee an der gesamter Regioun - vu Japan, de Philippinnen, iwwer Hawaii bis op déi US-amerikanesch Westküst a Latäinamerika - goufen et Tsunami-Warnungen an d'Gebidder ronderëm d'Küste goufe preventiv evakuéiert.

A Japan waren 2 Millioune Leit opgeruff ginn, sech op méi héich Plazen a Sécherheet ze bréngen.

Temoignage vun enger Lëtzebuergerin sur place

D'Lëtzebuergerin Lily Zikes ass den Ament am Norde vu Japan a war grad op enger Gare, wéi d'Warn-SMSe fir d'Evakuatioun koum sinn. Am 100,7-Interview erkläert si, datt trotz de Warn-SMSe keng Panik ausgebrach wier.

D'Leit op der Duerchrees wieren alleguer roueg an adequat vun der Gare evakuéiert ginn an an eng Primärschoul – déi als Noutënnerdaach déngt - 15 Meter iwwer dem Mieresspigel bruecht ginn.

"Do ass dann déi ganz Sportshal ëmgebaut ginn. Et sti Still do. Et leie Matten um Buedem. Et gouf esou kleng verpaakte Räis, Bounen, Waasser, Kaffi. Also dat war komplett preparéiert, fir datt déi al Leit an all Leit wéi mir, déi vun enger Gare kommen, déi jo da keng Plaz hu fir hinzegoen, einfach dohinner kënne goen a sech einfach eng Kéier kënne setzen a sech keng Gedanke musse maachen."

Mëttlerweil ass d'Lily Zikes an engem Hotel ënnerkoum.

Atomzentral vu Fukushima gouf och evakuéiert

Vun de japaneschen Autoritéiten heescht et nach, datt keen ëffentlechen Transport fiert, esou laang d'Tsunami-Warnungen nach gëllen. D'Atomzentral vu Fukushima, déi beim Tsunami 2011 zerstéiert gouf, gouf komplett evakuéiert. An den USA goufen d'Leit op Hawaii opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen.

D'Äerdbiewen an der Nuecht hat eng Stäerkt vun 8,8 op der Richterskala. Zënter hier kënnt et ëmmer nees zu Nobiewen. Et war dat stäerkst Äerdbiewen zënter 70 Joer.

play_arrow Lauschteren