D‘Pann gouf duerch e kriminellt Feier ausgeléist. Ee lénksextremistesche Grupp hat d‘Attack revendiquéiert.
Eng 45.000 Stéit haten direkt duerno kee Stroum, um Mëttwoch de Moie waren et der nach ronn 20.000. Déi Betraffe kruten esou gutt ewéi méiglech gehollef. Si konnten zum Beispill an dräi Piscinne gratis eng waarm Dusch huelen; an déi, déi an Hoteller gounge, géifen d‘Käschte rembourséiert kréien, esou de Buergermeeschter.
Et war déi bis elo längste Stroumpann an der däitscher Haaptstad zanter dem Zweete Weltkrich. De Parquet enquêtéiert.