D’Resultat wier irreversibel, esou d’Walkommissioun. D’Oppositioun gesäit dat anescht. Dat riskéiert d’Onsécherheeten am Venezuela just nach ze verstäerken. Déi ekonomesch an humanitär Situatioun am südamerikanesche Land ass prekär an d’Onzefriddenheet bei der Populatioun grouss.
Borrell a Blinken mat Zweifel
Den autoritäre President Nicolás Maduro hat am Virfeld vun de Wale mat der Angscht vun de Mënsche gespillt a souguer vun engem méigleche Biergerkrich geschwat, wann hien net géif erëmgewielt ginn.
An éischten internationale Reaktiounen huet de Chef vun der europäescher Diplomatie Josep Borrell op der Plattform X eng komplett Transparenz vun de Walen am Venezuela gefuerdert, well de Wëlle vum Vollek misst respektéiert ginn.
Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken, deen aktuell a Japan ass, huet de Moie fréi zu Tokyo zu de Walen am Venezuela gesot, datt hie Bedenken hätt, ob d'Resultat wierklech de Wëlle vum Vollek erëmspigele géing.
“Et ass wichteg, dass all Stëmm fair an transparent gezielt gëtt, an datt d’Walautoritéiten ganz séier d’Informatiounen un d’Oppositioun an un onofhängeg Observateure weider ginn.”
Gemëschte Reaktiounen aus dem Ausland
De chileenesche President Gabriel Boric seet, datt de Maduro misst verstoen, datt déi publizéiert Resultater schwéier ze gleewe sinn, an datt de Chile kee Resultat, dat net kontrolléiert gouf, géif akzeptéieren.
De riets-populisteschen argentinesche President Javier Milei schreift op X, datt d’Venezuelaner decidéiert hätten, der kommunistescher Maduro-Diktatur en Enn ze setzen.
Zoustëmmung krut de Maduro iwwerdeems aus China, wou de Porte parole vum Ausseministere betount huet, datt China säi strategesche Partenariat mam Venezuela nach verdéiwe wëll, an de kubanesche President Miguel Diaz-Canel huet sengem Homolog fir seng historesch Walvictoire felicitéiert.
An och vu Moskau koum de Moien eng éischt Reaktioun: De russesche President Wladimir Putin ass prett fir och an Zukunft mam südamerikanesche Land weider konstruktiv zesummenzeschaffen.