Radioen

On air

9 bis 1  |  Marlon Williams - Thinking Of Nina

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ni Xia Lian verléiert kloer géint d'Nummer 1 op der Welt

Olympesch Spiller

Ni Xia Lian verléiert kloer géint d'Nummer 1 op der Welt

Bei den Olympesche Spiller zu Paräis hat d’Ni Xia Lian wéi erwaart keng Chance géint d’Nummer 1 op der Welt Sun Yingsha. D’Chinesin huet sech nämlech am spéide Moien an de 16els-Finall vum Dëschtennis-Simple kloer 4:0 géint d’Lëtzebuergerin duerchgesat.

auto_stories

1 min

Ni Xia Lian | © picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun
Foto: picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun

Just am 3. Saz konnt d’Ni Xia Lian mat hirer jonker Géignerin mathalen.

Méi fréi am Moien hat d’Jeanne Lehair am Dammen-Triathlon missen opginn. Dee Moment war d’Lëtzebuergerin an engem zweete Grupp ënnerwee, ronn eng Minutt hannert dem Spëtzegrupp. D’Goldmedail war fir d’Cassandre Beaugrand aus Frankräich.