Radioen

On air

Moiesstudio  |  Ginn déi familiär Incompatibilitéiten aus dem Walgesetz gestrach?

play_arrow Live
search

/ Ni Xia Lian géint Sun Yingsha: Generatiounenduell am Dëschtennis

Olympia

Ni Xia Lian géint Sun Yingsha: Generatiounenduell am Dëschtennis

Um Mëttwochmoie spillt d’Ni Xia Lian op den Olympesche Spiller zu Paräis hir 16els-Finall am Dëschtennis-Simpel. Dat gouf elo an der franséischer Haaptstad bekannt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun
(Foto: picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun)

Déi 61 Joer al gebierteg Chinesin kritt et vun 11 Auer un an der Ronn vun de leschten 32 mat der Chinesin Sun Yingsha ze dinn. Et ass dat e Generatiounenduell mat der 23 Joer aler aktueller Nummer 1 op der Welt.