arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel wëllt Medieberichter no Gazasträif komplett besetzen

Israeelesch Medie mellen

|
reading time

1 min

Israel wëllt Medieberichter no Gazasträif komplett besetzen

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu wëllt senger Arméi nach dës Woch Instruktioune gi fir de Krich an der Gazasträif weiderzeféieren.

reading time

1 min

© picture alliance / dts-Agentur | -
(Foto: picture alliance / dts-Agentur | -)

Israeelesche Medie no géif den Netanjahu plangen déi ganz Gazasträif ze erueweren, fir all d'Geisele fräizekréien. Hie géif an den nächsten Deeg Ënnerstëtzung vu sengem Kabinett an der Arméi fir dee Plang sichen, heescht et.

D'Schicksal vun de Geisele misst an den Zentrum vun der internationaler Opmierksamkeet kommen. Dat huet den israeeleschen Ausseminister gefuerdert virun enger haut geplangter Sëtzung haut vum UNO-Sécherheetsrot.

Déi israeelesche Regierung steet ënner verstäerktem nationalen an internationalen Drock fir de Krich an der Gazasträif op en Enn ze bréngen. De Méindeg haten 19 fréier israeelesch Sécherheetscheffen een direkt Enn vum Krich gefuerdert.