arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Netanjahu wëllt d'Stad Gaza méi séier eruewere wéi geplangt

Neien Uerder un d'Arméi

|
headphones

1 min

Netanjahu wëllt d'Stad Gaza méi séier eruewere wéi geplangt

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet der israeelescher Arméi den Uerder ginn, d'Stad Gaza méi séier ze eruewere wéi geplangt. Wéini déi israeelesch Buedemoffensiv ufänkt, ass offiziell net gewosst. Rieds ass vu September.

headphones

1 min

© EPA/ABIR SULTAN
(Foto: EPA/ABIR SULTAN)

Gëschter um Mëttwoch hat den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz d'Aberuffung vu 60.000 weidere Reservisten autoriséiert. D'Arméi kontrolléiert aktuell souwisou schonn d'Baussequartiere vun der Stad, an där 1 Millioun Palästinenser liewen.

Déi palästinensesch Hamas huet déi nei Evolutioun kritiséiert: Et wier e flagrante Mepris fir déi aktuell Mediatioun en vue vun engem Waffestëllstand an der Fräiloossung vun de Geiselen. 

Et gëtt gefaart, datt déi geplangten Offensiv déi katastrophal Situatioun vun der Populatioun weider verschlechtert.

An der Gazasträif ass een Drëttel vun de Kanner ënnerernäert, seet d'UN.