arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Netanjahu wëllt Verhandlungen iwwer d'Fräiloosse vun den israeelesche Geiselen

Noen Osten

|
headphones

1 min

Netanjahu wëllt Verhandlungen iwwer d'Fräiloosse vun den israeelesche Geiselen

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet Verhandlungen iwwer d'Fräiloosse vun deenen israeelesche Geiselen annoncéiert, déi nach an den Hänn vun der Hamas sinn. An deem Kontext soll och iwwer en Enn vum Krich geschwat ginn.

headphones

1 min

Benjamin Netanyahu | © picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka
Benjamin Netanyahu (Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka)

Dat - esou sot den Netanjahu - zu Konditiounen, déi fir Israel akzeptabel sinn. Gläichzäiteg huet hien awer och d'Pläng vun der Arméi confirméiert, fir déi geplangten Eruewerung vun der Stad Gaza.

Déi israeelesch Arméi hätt ugefaangen d'Spideeler zu Gaza-City unzeruffen, fir si ze warnen, datt geschwënn eng komplett Evakuatioun usteet.

Et war d'Recommandatioun den Transport vu medezineschem Material aus dem Norde vun der Gazasträif an de Süden ze plangen. Déi palästinensesch Hamas huet déi Fuerderunge verworf, schreift d'AFP.