arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schluss mam laange Waarden op der Dippecher Gare: Contournement geet haut op

Mobilitéit

|
headphones

1 min

Schluss mam laange Waarden op der Dippecher Gare: Contournement geet haut op

Um 12 um Freidegmëtteg geet den Dippecher Contournement offiziell op enger Streck vun 2,2 Kilometer fir de Verkéier op. No iwwer 20 Joer Diskussioune gouf déi Strooss an de leschten zwee an engem Hallwe Joer gebaut.

headphones

1 min

Op dëser Stréck kritt een d‘Barriär vun der Dippecher Gare evitéiert, déi vill Autoschauffere rose gemaach huet, well se alt bis zu 40 Minutten d‘Stonn erof war. Vum nächsten Dënschdeg u muss déi Barriär definitiv net méi vun Autoe passéiert ginn. 

Fir d‘Awunner an der Dräikantonsstross vun Dippech erof op Steebrécken gëtt et da méi roueg. An der lescht sinn hei bis zu 8.000 Autoen den Dag passéiert. De Käschtepunkt vum Projet beleeft sech op 29,8 Milliounen Euro.