Radioen

On air

Notturno  |  Inborn - Vogue

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Net genuch Preuven: EU-Geriicht kippt Sanktioune géint zwee Oligarchen

Kierchbierg

Net genuch Preuven: EU-Geriicht kippt Sanktioune géint zwee Oligarchen

D‘Geriicht vun der EU um Kierchbierg huet op en Neits d‘Sanktioune géint zwee russesch Oligarche gekippt. Et geet ëm déi zwee Milliardäre Michail Fridman an de Pjotr Awen, Grënner vum Finanzkonzern Alfa-Group.

auto_stories

1 min

Foto: Wikimedia Commons

Den EU-Conseil hat déi zwee Russen an der Suite vum russeschen Aggressiounskrich géint d‘Ukrain op d‘EU-Sanktiounslëscht drop gesat. D‘Geriicht um Kierchbierg huet awer fonnt, datt net genuch Preuvë virleien, fir béid Männer op déi Lëscht ze setzen.

Viru knapp 3 Wochen hat d‘EU-Geriicht schonn d‘Sanktioune géint de fréiere Formel 1-Pilot Nikita Masepin gekippt.