Ulass war d’Analys vum Kollektiv PAN Europe, déi ugangs dëst Joer fir Opreegung gesuergt hat an an där virun engem Mix u Pestiziden a Lëtzebuerger Äppel gewarnt gouf.
Äppel wiere sécher fir Konsumenten
Zu Lëtzebuerg wier keen Apel fonnt ginn, bei deem de Referenzwäert vu Sprëtzmëttel ze héich war. D’Lëtzebuerger Äppel wieren deemno sécher fir d’Konsumenten, huet d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen direkt um Ufank vun der Presentatioun an der Chamber nach eng Kéier betount.
D’Demande, fir iwwer dëst Theema zu schwätzen, koum vun den Oppositiounspolitiker:inne vun déi gréng. Si fille sech trotz dësen Erklärungen awer net berouegt.
D'Dosis wier entscheedend
Net all Réckstand vu Planzeschutzmëttel, dee bei Analysen a Liewensmëttel fonnt gëtt, géif automatesch ee Gesondheestrisiko duerstellen, esou den Danny Zust, responsabel fir deen Domän vun de Pestizide bei der ALVA.
An der Toxikologie géif virun allem d’Dosis entscheeden. Dat géif bedeiten: Och Substanzen, déi a klenge Quantitéiten an engem Liewensmëttel nogewise ginn, sinn net onbedéngt geféierlech. Entscheedend wier, ob gesondheetsrelevant Grenzwäerter iwwerschratt ginn, esou nach den Danny Zust.
"Wann een dann déi zwee Wäerter vergläicht, déi toxikologesch Referenzwäerter an den e Réckstandshéchstgehalt, ass eeben dee wichtege Message, dass de Fait, dass esou en Héchstgehalt iwwerschratt gëtt, heescht net zwangsméisseg, dass direkt e Risiko fir d'Gesondheet ass. Well dat eeben zwee komplett verschidde Parameter sinn."
Den Donnéeë vun der ALVA aus dem Joer 2023 no haten iwwer d’Hallschent vun de kontrolléierte Liewensmëttel guer keng Pestizidréckstänn. Bei ronn 44 Prozent goufen zwar Spuere fonnt, mee d’Wäerter louchen ënner de gesetzleche Limitten. 3,2 Prozent vun de Prouwe waren net konform mat de Reglementer, meeschtens well d’landwirtschaftlech Praxis net agehale gouf.
Keng Berouegung fir déi gréng
E méigleche Gesondheetsrisiko gouf just bei 0,1 Prozent vun de Prouwe festgestallt, esou nach den Expert vun der ALVA.
Lëtzebuerg géif dobäi am EU-Verglach relativ vill Kontrollen duerchféieren, huet d’CSV-Ministesch Martine Hansen nach betount. Déi gréng gesinn doran awer keng Berouegung.
Op hir Bedenken, wat den nogewise Risiko fir virun allem vulnerabel Persounen ugeet, a wat den Effet vum Mix u Pestiziden a Liewensmëttel ugeet, hätte si keng berouegend äntwerte kritt, esou déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring.
"De Problem ass jo, dat sinn déi schwaach an eiser Gesellschaft, d'Beebeeën an déi Ongebueren eigentlech schonn, déi op déi, wou et am Fong kee Grenzwäert no ënne gëtt, do seet ganz kloer, d'Médecine am beschten ass keng Belaaschtung do. Bon, keng Belaaschtung kënnt an däerf een och keng iessen an däerf och keng am Iesse sinn. Dat heescht dat ass wierklech eng Suerg fir déi Vulnerabel, a méi huet am Fong déi Etüd vu PAN Europe och net gesot."
Weider misst sech Lëtzebuerg och op EU-Niveau méi staark dofir maachen, datt déi europäesch Autoritéit fir Liewensmëttelsecherheet EFSA méi Moyene kritt. Mee och hei hätt ee vun der Ministesch keng zefriddestellend Perspektiv kritt, bedauert nach d’Joëlle Welfring.