arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nëmmen een Drëttel vum Schouluebst ass bio

Schoulrentree

|
headphones

1 min

Nëmmen een Drëttel vum Schouluebst ass bio

De Mouvement écologique bedauert, datt et bei den Ausschreiwunge fir Schouluebst fir dës Rentrée schonn erëm keng Fortschrëtter ginn. De Landwirtschaftsministère hätt op en Neits d‘Chance verpasst, fir déi richteg Akzenter ze setzen.

headphones

1 min

© picture alliance / Zoonar | Robert Kneschke
(Foto: picture alliance / Zoonar | Robert Kneschke)

De Mouvement écologique gëtt dem Landwirtschaftsministère eng deck Datz an dat scho virun der Rentrée. De Ministère hätt hei kéinten a Richtung Biolandbau a regional Landwirtschaft, ewech vu Pestizide fir Kanner goen, mee huet en awer net. An dat elo scho fir déi 17. Kéier, kritiséiert de Mouveco. 

De Landwirtschaftsministère géif einfach net bäiléieren a sech kee Beispill huelen u Restopolis.

Do ass den Educatiounsministère Chef an déi hätten an Tëschenzäit verstan, datt regional bio-Produite Prioritéit mussen hunn.

Beim Landwirtschaftsministère géif nach ëmmer, fir d‘Schouluebst, de Präis dominéieren. An do geet et ëmmerhin ëm 156 Tonnen Uebst.