arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit Gesetz iwwer Stierfhëllef: De Patient ka sech selwer den déidleche Produit ginn

Frankräich

|
reading time

1 min

Neit Gesetz iwwer Stierfhëllef: De Patient ka sech selwer den déidleche Produit ginn

A Frankräich gouf dat neit Gesetz iwwer d‘Stierfhëllef am Journal officiel publizéiert nodeems et vum President Emmanuel Macron promulgéiert gouf. D‘Gesetz war d‘lescht Woch vum Verfassungs-Conseil validéiert ginn.

reading time

1 min

Eng Aide-soignante hält d’Hand vun enger Patientin | © picture alliance / Zoonar | Robert Kneschke
Eng Aide-soignante hält d’Hand vun enger Patientin (Foto: picture alliance / Zoonar | Robert Kneschke)

Dat neit franséischt Recht op Stierfhëllef mécht et ënner Konditioune méiglech, datt d'Patiente sech selwer en déidleche Produit ginn. Wa si dat net méi physesch kënnen, dierf et vun engem Soignant gemaach ginn.

Zu de Konditioune gehéiert, datt de Patient am Endstadium vun enger schlëmmer an onheelbarer Krankheet ass an insupportabel Péng huet, an datt hie bis zum Enn säi Choix fir ze stierwe kloer kann ausdrécken.