arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neit Gebai vun ArcelorMittal soll 2027 fäerdeg ginn

Um Kierchbierg

|
headphones

1 min

Neit Gebai vun ArcelorMittal soll 2027 fäerdeg ginn

Der Stolfirma ArcelorMittal hiren neien internationalen Haaptsëtz “K22”, deen um Kierchbierg gebaut gëtt, soll am Summer 2027 fäerdeg ginn. Dat gouf de Moien op enger Pressekonferenz ugekënnegt. Uganks 2027 sollen awer schonn eng Partie Leit dohinner kënne schaffe goen.

headphones

1 min

Ronn 4.000 Euro de Meterkaree kescht d'Gebai | © Pierre Reyland
Ronn 4.000 Euro de Meterkaree kescht d'Gebai (Foto: Pierre Reyland)

Am Ganze ginn am neie Gebai 9.000 Tonne Stol verschafft. 95 Prozent dovun ass sougenannte XCarbStool, deen an den ArcelorMittal-Wierker zu Esch an Déifferdeng produzéiert gëtt, mat engem däitlech manner héije Carbon Impakt wei traditionell Stolbalken.

D’Gebai vun 22 Stäck gëtt 79 Meter héich. Et gouf vum internationalen Architekte-Büro “Wilmotte et Associés” entworf.

Den Zäitplang an de Budget géifen agehale ginn, mat engem Baupräis vu ronn 4.000 Euro pro Meterkaree, sot den ArcelorMittal exekutive Vize-President, Vijay Goyal. E Gesamtmontant, wéi vill d‘Gebai kaschte wäert, huet hien awer net genannt.

D‘Hallschent vum Gebai, wou 2.600 Leit solle schaffen, keeft de Lëtzebuerger Staat. E Montant vun 273,5 Milliounen Euro waren dofir an engem Gesetz 2023 festgehale ginn.

De Staat wëllt am Gebai eventuell d‘Ponts et Chaussées, transports publics an de Service des aides au logement ënnerbréngen. Wat genee geplangt ass, ass awer nach net gewosst.