Grondsätzlech begréisst de Mouveco, datt d’Bautereglement bei technesche Froen national soll genormt ginn an net op Gemengebasis. Et dierft ee bei deem Reglement d’Zukunft awer net vernoléissegen, esou d’Presidentin vum Mouveco, d'Blanche Weber. Et géing ee sech Suerge maachen, an dofir och e kloren Appell formuléieren.
"Dass een do net den einfachste Wee geet, just dat e bëssen opbessert, wat elo an dem Règlement type, dee mir elo hunn, drasteet, mee dass een onbedéngt och d'Zukunftstheeme mat eranhëlt."
Solaranlagen nodréiglech op Parkingen installéieren
D'Klimakris misst onbedéngt respektéiert ginn an den neie Règlement des bâtisses misst d'Renovatioun an den Ëmbau vun den Haiser ënnerstëtzen, an net erschwéieren, esou nach d'Blanche Weber.
De Mouvement Écologique huet dann och eng Rei u Proposen ausgeschafft, déi an de Reglement des bâtisses kéinten integréiert ginn. Beispillsweis, datt Begréngung bei Neibaute muss gefuerdert ginn a Solaranlagen op gréissere Parkinge missten installéiert ginn, och nodréiglech.