De Bilan vum Biewe vun e Sonndeg ass iwwerdeems op iwwer 1.400 Doudeger an iwwer 3.000 Blesséierter geklommen, esou d‘Taliban.
D'UNO geet dovun aus, datt d'Zuelen nach massiv an d'Luucht wäerte goen. Helikopter an Dosende Rettungsekippe sichen an den Trümmer no Iwwerliewenden.
D'Hëllef kënnt nëmme schwéier an déi ofgeleeë Biergregiounen: Vill Stroosse goufen zerstéiert. D'Taliban hunn international Hëllef gefrot.
D'Weltgesondheetsorganisatioun warnt, datt Krankheete sech an de betraffene Gebidder kéinten ausbreeden.