arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neikaledonien: Onofhängegkeetsbeweegung leent Accord vum franséische Staat of

Franséischt Iwwerséigebitt

|
reading time

1 min

Neikaledonien: Onofhängegkeetsbeweegung leent Accord vum franséische Staat of

An Neikaledonien huet déi géisst Onofhängegkeetsbeweegung FLNKS den aktuellen Accord vum franséische Staat ofgeleent. D'Ofkommes war ufanks Juli, no den Onrouen am franséischen Iwwerséigebitt ënnerschriwwe ginn. FLNKS kritiséiert, datt den Accord keen Onofhängegkeets-Referendum virgesäit.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Alain Pitton
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Alain Pitton)

D'Ofkommes gëtt an der Nouvelle-Calédonie vun deene Beweegungen ënnerstëtzt, déi net fir d'Onofhängegkeet vum franséischen Iwwerséigebitt am Südpazifik sinn. Déi géisst Onofhängegkeetsbeweegung, de Front de libération nationale, leent den aktuellen Accord of. Hir Vertrieder sinn awer bereet den zoustännege Minister Manuel Valls ze begéinen. Hie soll nächste Méindeg an Neikaledonie reesen.

Onroue wéinst Walreform

Am November sinn an Neikaledonien d'Wale vun de Provënzen. Déi hätte schonn zejoert solle sinn, mee goufen awer verluecht. Dat nodeems Onroue wéinst der Walreform, déi Frankräich an Neikaledonien imposéiert huet, ausgebrach waren.