Och de Reglement grand-ducale, deen ënner anerem d’Missiounen, d’Zesummestellung an d’Indemnisatioun vun deem Gremium definéiert, gouf gutt geheescht.
D’Kreatioun vun deem Observatoire ass am KEP – dem Kulturentwecklungsplang fir d’Joeren 2018 bis 2028 - virgesinn. Den Observatoire soll Informatiounen, Analysen an Donnéeë sammelen, fir eis Kultur besser ze verstoen, ze promouvéieren, an ze ënnerstëtzen.