Dëse Pak aus 10 Gesetzestexter gesäit eng däitlech Verschäerfung vun den Asyldemarche vir. Deemno kënne Refugiéen, deenen hir Demande refuséiert gouf, vun elo u méi séier un den EU-Baussegrenzen expulséiert ginn. Ausserdeem kënnen d'Memberstaate Migranten an Zukunft a sougenannte "sécher Drëttlänner" expulséieren, wou si dann eng Demande op Asyl maache mussen.
Dës Diskussioun iwwer een neit europäescht Asylrecht huet sech bal 10 Joer laang gezunn.