Zwee Joer laang wat de fréiere Minister quasi komplett ënnergedaucht. An där Zäit hätt hien déi politesch Aktualitéit awer weider verfollegt, betount de Marc Hansen am 100,7-Interview.
"Ech mengen, wann een dat esou laang gemaach huet, och um Niveau vun der Regierung, wou ech awer bal 10 Joer dra war, dann ass dat elo net, dass Dir dat einfach als Interêt aus-switched."
Hien hätt sech bewosst dofir entscheet, sech net anzemëschen an och net zu Wuert ze mellen, esou den DP-Politiker weider.
Politik als eng "nobel" Aufgab
No de Walen hätt dem Fernand Etgen seng Gedanken och mat him gedeelt. Vun dohier koum deem säi Réckzuch aus der Politik och net iwwerraschend.
"Mee et ass awer net, dass dat do fir mech eppes war, wou ech all Dag engem ugeruff hunn oder mech do renseignéiert hunn."
D’Flemm mat der Politik hätt hie sécher net, ënnersträicht de Marc Hansen. Et wier "eppes Nobeles", dat kënnen ze maachen, "am Déngscht vun de Bierger".
Motivatioun ass nach ëmmer do
Serain, mee trotzdeem motivéiert: Esou beschreift de Marc Hansen seng Approche zur Politik. Wier d’Motivatioun net méi do gewiescht, hätt hien d’Mandat och net ugeholl, seet de Marc Hansen.
2014 ass de Marc Hansen an d’Regierung komm, nodeems säi Parteikolleeg André Bauler no e puer Méint als Staatssekretär net weidermaache wollt. Elo réckelt hien also fir de Fernand Etgen no.
Seng politesch Karriär vergläicht de Marc Hansen mat engem Pompjee, "deen ëmmer agesprongen ass, wann iergendwou huet missen eng Urgence beschafft ginn."
Finanzen, Mobilitéit an Defense
De Marc Hansen wäert Member vun der Finanzkommissioun ginn. Aner Dossiere ginn d'Mobilitéit an d'Defense. Déi Kommissioun wäert hie souguer presidéieren.
An deem Kader fënnt hien, datt d’Defense-Bonds "eng gutt Saach" ass.
"Natierlech ass et en delikate Sujet. Mee dee Sujet ass am Moment awer omnipresent. Et gëtt eng grouss Onsécherheet dorëmmer. An dann ass dat doten awer och, mengen ech, fir d'Leit eppes, wat wichteg ass."
Gëschter um Dënschdeg ass de Marc Hansen an der Chamber als neien Deputéierte vereedegt ginn.