arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neie Versuch vum Trump fir Grönland ze annektéieren duerch ee Spezialemissär

USA

|
headphones

1 min

Neie Versuch vum Trump fir Grönland ze annektéieren duerch ee Spezialemissär

Den US-amerikanesche President Donald Trump relancéiert säi Kampf ëm Grönland. Hien huet elo de Gouverneur vu Louisiana zum Spezialemissär fir Grönland nominéiert. Den Donald Trump mecht kee Geheimnis doraus, datt hie Grönland, dat offiziell zu Dänemark gehéiert, wëllt annektéieren.

headphones

1 min

Protester zu Kopenhagen géint d'Annektéieren | © EPA/MARTIN SYLVEST DENMARK OUT
Protester zu Kopenhagen géint d'Annektéieren (Foto: EPA/MARTIN SYLVEST DENMARK OUT)

D‘Debatt war an der Lescht bëssen ofgeklongen. Elo, mat dëser neier Initiative fir e Spezialemissär ze ernennen, gëtt se relancéiert.

Den neie Spezialemissär Jeff Landry huet op X geschriwwen, datt et fir hien eng Éier wier, dozou bäizedroen, datt Grönland en Deel vun den USA géif ginn.

Den däneschen Ausseminister huet d‘USA opgefuerdert, déi territorial Integritéit vu Grönland ze respektéieren. D‘Nominatioun vun engem Spezialemissär wier komplett inacceptabel. Dänemark huet den amerikaneschen Ambassadeur zu Kopenhage convoquéiert.