An der Gemeng Bech gëtt et also en neie Schäfferot. De Max Pesch ass designéierte Buergermeeschter. Éischte Schäffe bleift den Norbert Classen. Zweet Schäffe gëtt d’Bibi Wintersdorf.
Den neie Schäfferot gouf um Méindeg gewielt: Dat ee gudde Mount nodeems de Budget verworf gi war an zwou Wochen nom Mësstrauensvott géint de fréiere Schäfferot mat der Buergermeeschtesch Jill Goeres.
Upassungen um Gemengebudget geplangt
Mat sechs Stëmme gouf deen neie Schäfferot gestëmmt. Et wier ee motivéiert nei unzefänken, esou den designéierte Buergermeeschter Max Pesch. Virop wéilt een Upassungen am Budget maachen.
"Et wier farlässeg, wann een esou e grousse Schrëtt mécht, wéi e Budget net ze stëmmen, an do duerno eng Motion de censure maachen, déi soll kee Selbstzweck sinn. Da soll een och am Budget da weisen, datt een och eegen Iddien huet, an eegen Ëmsetzunge wëllt mat do erabréngen."
Dobäi wéilt een och de Gemengerot méi abezéien. Eppes wat bis elo gefeelt hätt. Fir déi nei Schäffe Bibi Wintersdorf wier et wichteg, datt de Gemengerot net als “Feind” ugesi gëtt.
"An enger klenger Gemeng, mat nëmmen néng Conseilleren, ass et wichteg, datt ee sech net als Oppositioun opstellt, mee als Partner. An dat Gefill hate mir eeben net, datt mir als Partner ugesi gi sinn. Wou mir am Endeffekt jo awer all dat selwecht wëlle fir dës Gemeng."
Éier den neie Budget gestëmmt ka ginn, muss den neie Schäfferot nach vum Inneministère vereedegt ginn.
Buergermeeschterin vu bis elo wëllt eng Paus maachen
Beim Mësstrauensvott virun zwou Wochen haten iwwerdeems d'Buergermeeschtesch vu bis elo Jill Goeres, grad ewéi d'Schäffen Nathalie Wohlfahrt hir Demissioun aus dem Gemengerot annoncéiert. Deemno sinn den Ament zwee Posten net besat. Komplementarwale kënnen och eréischt ofgehale ginn, wann de Schäfferot vereedegt ass.
D'Buergermeeschterin vu bis elo, d'Jill Goeres, huet op Nofro hi gesot, datt si net vun der Politik ofgeschreckt wier. Et wier wichteg sech als jonk Fra ze engagéieren. Elo wéilt si awer eng Paus maachen.