Déi franséisch Jugend wéilt sech engagéieren, wéilt sech fir Frankräich asetzen, esou den Emmanuel Macron leschten November. 3.000 Jonker fänken de Summer mam Militärdéngscht un, deen am ganzen 10 Méint dauert. Och d’Gabrielle, eng 19 Joer jonk Geschichtsstudentin, ass interesséiert. Fir si soll et virun allem eng Virbereedung op eng spéider Karriär beim Militär sinn.
50.000 Jonker bis 2035
De Virdeel vun dësem neie Militärdéngscht wier virun allem d’Dauer, déi deene Jonken eng adequat Ausbildung erméiglecht an et erlaabt, si an der Arméi ze integréieren, seet de Kommandant Etienne Baggio, dee fir de Rekrutement bei der Marine an der Normandie an am Norden zoustänneg ass.
No engem Mount Formatioun géingen déi Jonk richteg Aufgaben am Alldag iwwerhuelen. Zum Beispill géinge si bei der Iwwerwaachung vun de Küst mathëllefen.
3.000 Jonker fänken dëse Summer un, mee bis 2035 sollen et der 50.000 sinn. Bei der Marine hëlt een am Summer eng 600 Jonker op. Dat erfuerdert och vill Koordinatioun, mee et wier ee virbereet, esou de Kommandant.
Bild vun der Arméi am Wandel?
Et géing scho vill Interessi bei de Jonke ginn, seet den Etienne Baggio. D’Jugend wéilt sech fir d’Ëmwelt an d’Gesellschaft engagéieren an de Militärdéngscht géing hinnen déi Optioun bidden.
D’Bild vun der Arméi wier am Wandel. An hirem Frëndeskrees ass d’Gabrielle awer net nëmmen op Verständnis gestouss. D’Arméi wier laang als Krichsinstrument an net als Friddensinstrument gesi ginn. An hirem Frëndeskrees géingen der vill de Militärdéngscht net wëlle maache, awer d’Gabrielle an hirer Entscheedung ënnerstëtzen.
D'Roll vun der Fra am Militär zementéieren
Besonnesch als Fra wier dat männerdominéiert Ëmfeld beim Militär net ëmmer einfach. Si selwer géing sexuell Aggressiounen oder Iwwergrëffer fäerten, seet d’Gabrielle. Mee et wier wichteg, d’Roll vun der Fra an dësen Institutiounen ze zementéieren.
Et hätt an de leschte Joren een immense Mentalitéitswiessel beim Militär ginn, seet den Etienne Baggio. Iwwer 20 Prozent vun de Jonken, déi kandidéieren, wiere Fraen.
Den neie Militärdéngscht, hoffen d’Gabrielle an de Kommandant, kéint deen Undeel nach erhéijen.