D'Komikerin Charlotte Arnould geheit dem Gérard Depardieu Vergewaltegung a sexuell Aggressioune vir. Si hat viru 7 Joer dowéinst eng Plainte gemaach.
De franséischen Acteur riskéiert bis zu 20 Joer Prisong. Hie war am Mee dëst Joer zu 18 Méint Prisong mat Sursis verurteelt gi wéinst sexuellen Iwwergrëffer op zwou Frae wärend engem Tournage viru 4 Joer.
Hien ass géint d'Urteel an Appell gaangen.