Nodeems et an der Politik an der Gemeng Conter zënter gutt annerhallwem Joer ëmmer nees zu Onroue komm war a sech déi fréier CSV-Buergermeeschtesch Marion Zolivet-Braquet zeréckgezunn huet, gouf d'lescht Woch bekannt, datt sech DP, déi gréng an LSAP zesummegedoen hunn, fir den nächste Schäfferot ze stellen.
Den nächste Schäfferot soll an der nächster Sëtzung vum Gemengerot, den 19. November, gestëmmt ginn. Déi Sëtzung no vir ze verleeën, fir méi séier mat der Aarbecht unzefänken, wier net esou geplangt.
"Mir hunn nach een CSV-Schäffen, deen net demissionär ass, a mat deem hunn ech mech elo och emol ënnerhalen. De Ball läit eigentlech elo bei hinnen. Si hunn zwee Choixen, entweeder gi mir de reguläre Wee, dat wier dann de Vott vum Budget, oder de leschten CSV-Schäffen, dee géif dann demissionéieren, an domat wier dann de ganze Schäfferot demissionär."
Och mat der CSV hätt ee sech zesummegesat, esou deen zukünftegen DP-Buergermeeschter, mee op der mënschlecher Basis hätt ee sech awer éischter kënnen eng laangfristeg Zesummenaarbecht mat LSAP an déi gréng virstellen, well een do méi op Aenhéicht gewiescht wier, esou nach den Dali Zhu.
Keng Konklusioune fir d'Nationalpolitik
Et géif een Ënnerscheed ginn tëschent nationaler a lokaler Politik, mengt den Dali Zhu. Hie wéilt net soen, datt op lokalem Niveau d'Parteien eng méi kleng Roll spillen, mee:
"Ech mengen et sinn awer méi Mënschen, oder den Individuum, deen do méi zielt. A mam Paul (Thomé) a mam Här (Ari) Arensdorff hu mer einfach eng gutt Harmonie zesumme fonnt. Et ass ëmmer e bësse méi schwiereg mat dräi Parteie wéi elo mat zwee Parteien. Dat ass richteg. Mee, fir mech zielt dat Mënschlecht an éischter Stell. Ech mengen, wann et mënschlech net klappt, dann ass et just eng Fro vun Zäit, wou et och politesch net klappt. An ech mengen dat hu mer och esou e bësse gesinn, wat elo hei zu Conter geschitt ass."
Dowéinster misst ee sech op nationalem Plang awer keng Suerge maachen, esou den Dali Zhu.
Nach huet deen neie Gambia-Schäfferot keng gréng Luucht vum Gemengerot. Dat soll den 19. November, an der nächster Sëtzung vum Gemengerot, geschéien.