Dat waren der ronn 1.300 méi wéi am November d‘lescht Joer, wat eng Hausse vu bal 7 Prozent ausmécht. D‘Zuel vun de Leit mat héije Qualifikatiounen, déi eng Aarbecht sichen, ass am meeschten an d‘Luucht gaangen: iwwer 10 Prozent. De Chômagetaux ass elo iwwer 6 Prozent geklomm a läit bei 6,2 Prozent.