arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei franséisch Schoulbicher kommen no der Allerhellegevakanz

No Schreiffeeler

|
headphones

1 min

headphones

7 min

play_arrow

Nei franséisch Schoulbicher kommen no der Allerhellegevakanz

Déi franséisch Bicher vun der Septième aus dem Enseignement general ginn zeréckgezunn, dat wéinst 70 - 80 Feeler. Fir déi Feeler ass awer keng Lëtzebuerger Instanz responsabel, mee de franséischen Editeur, esou den Direkter vum Script Luc Weis.

headphones

1 min

headphones

7 min

play_arrow

Ee vun de Feeler war besonnesch penibel: Aus “Activité finale” gouf am Buch “Activité anale” ginn.

Den Editeur iwwerhëlt d‘Responsabilitéit. Et entstinn also keng extra Käschte fir de Lëtzebuerger Ministère.

Betraff waren eng ronn 2.000 Bicher. Bis Enn Oktober oder spéitstens bis no der Allerhellegevakanz kéinten d‘Bicher nei gedréckt a geliwwert sinn.

play_arrow Lauschteren