arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei ëffentlech Europaschoul zu Schëffleng mécht 2028 hir Dieren op

Educatioun

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Nei ëffentlech Europaschoul zu Schëffleng mécht 2028 hir Dieren op

Am September 2028 sollen déi éischt Schüler:inne kënnen zu Schëffleng an déi nei ëffentlech Europaschoul goen. Dat huet de Claude Meisch um Mëttwochmoie virun der Press ugekënnegt. Mat der neier Europaschoul wéilt een der sproochlecher Diversitéit hei am Land weiderhi Rechnung droen.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Insgesamt rechent ee mat engem Käschtepunkt vun 146 Milliounen Euro fir den neie Site vun der ëffentlecher Europaschoul zu Schëffleng ze finanzéieren. Dovunner iwwerhëlt de Staat 130 Milliounen an d’Gemeng Schëffleng - déi och Bauhär ass - investéiert eng 16 Milliounen Euro.

Claude Meisch: Europaschoule sinn e grousse Succès

Mat Bléck op d’Generaliséierung vun der Alphabetiséierung op Franséisch hat den DP-Educatiounsminister Claude Meisch scho gesot, datt nëmmen een Drëttel vun de Schüler:inne Lëtzebuergesch oder Däitsch doheem schwätzen. An deem Sënn wéilt een duerch deen neien Alphabetiséierungs-Modell an den Ausbau vun den ëffentlechen Europaschoulen dem Besoin Rechnung droen.

Besonnesch am Süde vum Land wier e grousse Besoin un enger weiderer Europaschoul.

"Een Element, un deem mir et kënne feststellen, dat sinn d'Aschreiwungszuele bei all den ëffentlechen Europaschoulen, mee am Süden, bei der École internationale Differdange Esch awer ganz besonnesch, wou mir fir d'nächst Schouljoer, also 25/26, net manner wéi 1.200 Aschreiwungen haten, an dat fir awer nëmmen op där anerer Säit ronn 300 Plazen."

Flexibilitéit vun de Sproochen

Vun der Rentrée 2028 u kënnen d’Schüler:innen an der neier ëffentlecher Europaschoul un dräi verschiddene Parcoursen deelhuelen: Däitsch, Franséisch an Englesch.

Den Educatiounsminister erkläert, wéi sech d’Europaschoul vum traditionelle Schoulparcours zu Lëtzebuerg ënnerscheet.

"Et gëtt awer eng Flexibilitéit an der Gewiichtung vun de jeeweilege Sproochen. Wann een do seet, ech wëll déi Sprooch, wéi zum Beispill Franséisch als L1, dann ass dat meng Haaptsprooch, déi ech herno am beschte kann. Awer ech kann och, an ech muss och aner Sprooche léieren, och aner Friemsprooche léieren, eng L2 an eng L3."

Eventuell eng Europaschoul zu Esch

Bal 1.000 Schüler wäerten an des Secondairesschoul nom Europaschoulmodell kënne goen. D’Gebai selwer wäert awer viraussiichtlech eréischt 2030 fäerdeg gebaut sinn. An Tëschenzäit stellt d’Gemeng Schëffleng Gebailechkeeten zur Verfügung.

Fir dem Besoin vun enger Fondamental-Schoul nozekommen ass ugeduecht, eng Europaschoul zu Esch op ze bréngen.

Am Regierungsaccord huet d’CSV-DP-Koalitioun nieft de schonn existente 6 ëffentlechen Europaschoulen, 3 weider ëffentlech Europaschoule virgesinn. Déi zu Schëffleng ass heimat déi éischt. Wéini a wou déi zwou weider Europaschoulen hikommen, steet nach net fest, esou den Educatiounsminister Claude Meisch.

play_arrow Lauschteren