arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Suite vun der zukënftlecher groussherzoglecher Koppel

Trounwiessel

|
headphones

1 min

Nei Suite vun der zukënftlecher groussherzoglecher Koppel

Den Haff huet haut en vue vum Trounwiessel déi nei Suite vun der zukünfteger groussherzoglecher Koppel virgestallt. Et handelt sech ëm dames d‘honneurs a Chambellans, déi de Grand Duc an d‘Grande Duchesse benevole bei offiziellen Aktivitéiten a Receptioune begleeden.

headphones

1 min

De Grand-Duc Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie mam Prënz Charles  | © picture alliance / Royal Press Europe | Albert Nieboer
De Grand-Duc Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie mam Prënz Charles (Foto: picture alliance / Royal Press Europe | Albert Nieboer)

Nominéiert goufen de fréieren aide de camp, de Colonel Henri Christnach, den Antoine Clasen, Generaldirekter vu Bernand-Massard, d‘Stéphanie Damgé, Directrice Entrepreneuriat vun der Chambre de Commerce an de Raoul Schaaf, Präsident vum Verwaltungsrot vum Comité de Défense sociale. An den nächste Méint géife wieder Nominatiounen nokommen, heescht et am Schreiwes.     

Et kann een iwwerdeems der neier groussherzoglecher Koppel online iwwer de Site monarchie.lu oder am offizielle Buch, dat vum 4. bis den 10. Oktober am Palais ausläit, gratuléieren.