Den LSAP-Deputéierte Georges Engel huet no der Sitzung kritiséiert, datt wéinst de Changementer bei der Tarifstruktur verschidde Leit bis zu 500 Euro pro Joer méi misste bezuelen.
"Mir hunn eppes virgeluecht kritt, wat mir elo nach net kontrolléiere konnten. Mee een Eefamilljenhaus mat engem Elektroauto, deen an de Spëtzestonnen dann och luet, dee wäert bis zu 500 Euro elo méi musse bezuelen. Sou steet et mol op deem Pabeier. Ech konnt dat net norechnen. Dat si – mengen ech – 47 Prozent méi."
Et wier wichteg, an dëser Diskussioun objektiv ze bleiwen, esou d’Reaktioun dorop vum Energieminister Lex Delles. Et dierft een d'Reseauskäschten net vergiessen.
"D’Reseauskäschte ginn ees wéi ees och am neien Tarif op d’Consommateuren ëmgeluecht, also keng Augmentatiounen nëmmen duerch d’Upassung vun de Reseauskäschten an der Gesamtenveloppe. Wann hei gesot gëtt, dass et Augmentatioun gëtt vu 500 oder 600 Euro d’Joer, da sinn dat Augmentatiounen, déi duerch de Stroumpräis kommen."
Dat géing bedeiten, datt de Stroum mei deier géif ginn, wat awer net direkt eppes mat den Netztariffer ze dinn hätt, erkläert de Lex Delles. "Ech weess, et ass ee ganz komplext Theema."
Negligabelen Impakt bei ville Leit
Den 1. Januar gëtt vum ILR a vun den Netzgestionnairen déi nei Tarifstruktur fir d’Notzung vum Elektresch-Netz agefouert. Déi deementspriechend Decisioun gouf gëschter um Mëttwoch publizéiert.
D’Detailer iwwert de Fonctionnement vun den Tariffer fannt Dir ënner anerem um Internetsite myilr.lu.
An deem Kontext erënnert den Energieministère dorun, datt fir Privatverbraucher, déi nëmme Standard-Haushaltsgeräter notzen, den Impakt vun der neier Tarifstruktur negligabel wier.
Déi ganz grouss Majoritéit vu Leit wäert näischt spieren, esou de Lex Delles.
Weider Informatioune fannt Dir op myilr.lu, um Site vun der Klimaagence an um Site vum Wirtschaftsministère.