arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Prozedur fir Päck an d'USA ze schécken

Post Lëtzebuerg 

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Nei Prozedur fir Päck an d'USA ze schécken

Post Lëtzebuerg deelt mat datt vu muer u keng Päck méi iwwer de gewinnte Reseau a d‘USA kënne verschéckt ginn. Hannergrond en neien Dekreet vun den US-amerikaneschen Autoritéiten. 

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Vun dësem 29. August u ginn et nämlech op alle Wueren, egal wéi héich hire Wäert ass, Douanestaxen. Bis elo huet dat net fir Päck am Wäert vun ënner 800 Dollar gegollt.

Well d’Detailer vun deene Reegelen eréischt kuerzfristeg bekannt gemaach goufen an nach ëmmer Onkloerheete bestinn, huet d’POST decidéiert d’Sendunge scho vu muer un ze stoppen, fir datt näischt am System hänke bleift. Fir d’Cliente vun der POST géif sech awer eigentlech näischt änneren, erkläert de Mario Treinen, Direkter vu POST Courrier. 

Als Iwwergangsléisung bitt d’POST zesumme mam Partner DHL eng Express-Optioun un. Domat kënnen d’Clienten hir Päck weiderhin an d’USA verschécken.

D’Verschécke vu Bréiwer an d’USA bleift wéi gewinnt iwwerall méiglech.

play_arrow Lauschteren