Eng Woch nom Protestdag “Bloquons tout” ruffen d’Gewerkschaften a Frankräich haut um Donneschdeg zur Mobilisatioun op. Uechter Frankräich kënnt et haut zu Streik- a Protestaktioune géint d’Spuerpolitik vun der franséischer Regierung.
Zum Beispill um Donneschdegmoie virun engem Lycée am 20. Paräisser Arrondissement, wou d’Manifestante méi sozial Gerechtegkeet, méi héich Salairen an e Récktrëtt vum President Macron fuerderen. An de Primärschoulen ass ongeféier ee vun dräi Enseignanten am Streik.
Och déi meescht Apdikte bleiwen haut zou.
Problemer och am ëffentlechen Transport
Beim Transport si landeswäit virun allem d’Intercité- an TER-Zich betraff. Zu Paräis steet d’Metro haut quasi komplett stëll. Dat huet natierlech grouss Auswierkungen op den Alldag, mee d’Majoritéit vun der Populatioun ënnerstëtzt de Protest awer.
De Policeprefet vu Paräis, de Laurent Nunez, hat gëschter um Mëttwoch gewarnt, datt beim Protest och vill gewaltbereet Persoune kéinten dobäi sinn. Butteker a Banke goufen opgefuerdert zouzebleiwen oder sech ze schützen.
Eng 80.000 Sécherheetsbeamte sinn a Frankräich am Asaz.
Bis elo verleeft de Protest awer gréisstendeels friddlech.