Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Maehila - Sérénité

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Motioun fuerdert direkte Stopp vun den Expulsioune vu vulnerabele Leit

déi gréng, LSAP, déi Lénk an d’Piratepartei

Nei Motioun fuerdert direkte Stopp vun den Expulsioune vu vulnerabele Leit

Een direkte Stopp vun Expulsioune vu vulnerabele Persounen aus den ONA-Strukturen, notamment vu Kanner: Dat fuerdert eng Motioun, déi déi gréng, d’LSAP, déi Lénk an d’Piratepartei um Mëttwochmoien an der Chamber deposéiert hunn.

auto_stories

2 min

Foto: imageBROKER

Verlaangt gëtt doran ënner anerem och ee méi séiere Bau vun neien Accueil-Strukturen. Gefuerdert gëtt weider vun der Regierung eng besser Kooperatioun mat den Acteuren aus der Zivilgesellschaft an dësem Beräich.

"Prozeduren daueren ze laang"

“Eng Gesellschaft zeechent sech doduerch aus, wéi mer mat eise vulnerabelste Mënschen ëmginn”, esou de Meris Sehovic beim Depot vun der Motioun. De gréngen Deputéierten huet un Temoignage gëschter an haut an der Press erënnert, vu Famillje mat Kanner, déi aus Strukturen eraus gehait ginn.

"Net méi spéit wéi gëschter hu mir 60 Deputéierten hei am Haus och een E-Mail kritt, en Hëllefruff vun enger Famill, eng jonk Famill aus dem Venezuela, déi säit dräi Joer hei am Land ass, mat engem klenge Meedchen, wat just d'Lëtzebuerger Schoul kennt, an hei an enger Grondschoul scolariséiert ass, mat enger Mamm, déi eng Aarbecht hat, déi actuellement suspendéiert ass, well Prozeduren am Ministère ze laang daueren, an déi néideg Dokumentatioun net virläit."

An trotzdeem sollt dës Famill elo op d'Strooss gesat ginn, kritiséiert de Meris Sehovic.

Prezis Statistike solle geliwwert ginn

Dorwwer eraus gëtt gefuerdert, datt den Deputéierten an de Bierger:innen all Mount detailléiert Statistike geliwwert ginn, déi ënner anerem Informatiounen iwwer d'Zuel vu Leit liwweren, déi international Protektioun ufroen. Och soll matgedeelt ginn, wéi vill Leit sech am Centre de rétention befannen, a wéi  vill an der Maison de retour. 

Wéini a Presenz vun den zoustännege Ministeren an der Chamber iwwer d’Motioun vun engem groussen Deel vun der Oppositioun ofgestëmmt gëtt, ass fir de Moment nach net gewosst.

D'Motion kënnt um Mëttwochmëtteg zur Ofstëmmung.