Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Gone Tomorrow

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Labour-Regierung wëll d'Eisebunn verstaatlechen

Groussbritannien

Nei Labour-Regierung wëll d'Eisebunn verstaatlechen

Déi nei Regierung zu London wëll d‘Bunn verstaatlechen a méi Vitess an de Bau vun neiem Wunnraum bréngen. Dat sinn e puer vun den Neierungen, déi an der Regierungsdeklaratioun vum neie Premier Keir Starmer vun der Labour Partei annoncéiert goufen, esou d‘BBC.

auto_stories

1 min

Keir Starmer | © picture alliance / Photoshot
De Keir Starmer an der Downing Street. (Foto: picture alliance / Photoshot )

De Kinnek Charles III huet d‘Deklaratioun am spéide Moie bei der Erëffnungszeremonie vum Parlament virgelies. Weider soll déi sougenannten "House of Lords“ reforméiert ginn an d‘Recht vun Honnerten Ierwen, fir am Parlament ze sëtzen a mat ofzestëmmen, ofgeschaf ginn, esou nach d‘BBC

D‘Sozial-Demokraten ënnert dem Keir Starmer haten d‘Parlamentswalen a Groussbritannien ugangs Juli kloer gewonnen. Si hunn déi konservativ Tories no 14 Joer un der Muecht ofgeléist.